Entspriechend dem Artikel L. 223-1 vum Code de travail gëtt den Taux vum soziale Mindestloun (op de Mount gerechent) ab dem 1. Februar 2023 un d'"Cote d'application" 898,93 vum ponderéierten Index vun de Liewenskäschten ugepasst.
D'Héicht vum soziale Mindestloun, entspriechend der d'"Cote d'application" 898,93 vun der mobiller Lounskala, ass ab dësem Datum folgendermoosse festgeluecht:
(272,22 beim Index 100)
Alter |
Taux pro Mount |
Taux pro Stonn |
ab 18 Joer |
2.387,40 |
13,8000 |
tëschent 17 an 18 Joer |
1.909,92 |
11,0400 |
tëschent 15 an 17 Joer |
1.790,55 |
10,3500 |
De Niveau vum qualifizéierte Mindestloun entspriechend dem Artikel L. 222-4 vum Code du travail läit ab dem 1. Januar 2023 bei 2.864,88 € pro Mount.
Communiqué vum Ministère fir Aarbecht, Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft