Dernière modification le
Nicolas Schmit au sujet du chômage au Luxembourg "Méi an d’Employabilitéit vun de Leit investéieren"
En Interview vum Max Theis (RTL Radio Lëtzebuerg):
Haut ass jo den Jobdag op RTL, an dowéinst wollte mir emol mam Minister Nicolas Schmit iwwer Aarbecht a Chômage schwätzen. Nicolas Schmit, gudde Moien.
Nicolas Schmit: Gudde Moien.
Max Theis: Här Schmit, de Chômagetaux läit den Ament bei 7,2%, quasi esou héich wéi ni, 17.574 Leit ware bei der Adem ageschriwwen. Dat sinn déi lescht Chifferen. Wat léisen déi Chifferen da bei Iech aus?
Nicolas Schmit: Déi léisen natierlech eng Suerg aus, an och en Défi, datt mir mussen alles ënnerhuele fir dee Chômage zeréckzedrécken. Ech mengen, mir kommen aus enger déiwer Kris, hei zu Lëtzebuerg vläicht manner perceptibel, mä an Europa ganz kloer. Wann een och déi europäesch Chiffere kuckt, da sinn déi Chifferen nach vill méi dramatesch wéi dat hei zu Lëtzebuerg de Fall ass. Mä op jiddwer Fall, et ass eng Obligatioun do weider staark ze handelen.
Max Theis: An allen Alterskategorie sinn déi Chiffere relativ équitabel verdeelt, soen ech emol. Wann een elo zum Beispill kuckt déi Jonk, alleng am August hu sech do 383 Leit ageschriwwen. Bon, Dir hutt virdrun am Virgespréich gesot, et ass näischt Schlechtes, datt si sech aschreiwen. De Risiko ass, wa se ze laang am System bleiwen.
Nicolas Schmit: Jo, also ech mengen, wann ee sech aschreiwe geet, besonnesch e Jonken, dat ass eng ganz positiv Saach, besonnesch och datt se dat am August scho maachen, dat heescht praktesch nodeems se dann d’Schoul verlooss hunn, hiren Diplom kritt hunn. Dat ass begréissenswäert.
Ëm wat et geet, dat ass, datt mir natierlech ganz schnell usetze fir deene Jonken ze hëllefen dann och en Job ze fannen. An dofir hu mir jo och déi Garantie pour la jeunesse agefouert, déi Jugendgarantie, déi jo dorop erausziilt ganz schnell bei deene Jonken ze agéieren, an ze probéiere bannent 4 Méint fir dee Jonken eng Léisung ze fannen. Dat kann en Job sinn, wann e prett ass 100%eg fir den Aarbechtsmaart, dat kann awer och sinn, datt e gerode kritt fir erëm an d’Schoul ze goen, oder eng weider Ausbildung ze maachen, oder eventuell eng Mesure. Ech mengen, esou fréi wéi hie sech aschreift, esou manner Zäit verluer geet, a besonnesch bei deene Jonken ass d’Zäit am Chômage eppes extrem Geféierleches.
Max Theis: Déi Garantie jeunesse, déi ass jo am Juni agefouert ginn, dat heescht, am Oktober sinn elo déi 4 Méint fir verschidde Leit eriwwer. Wësst Dir schonn ongeféier wéi dee Succès ausgesäit?
Nicolas Schmit: Mir hu vill Ressourcen elo do drop gesat, dat leeft och relativ gutt. Ech muss awer och dobäi soen, dat leeft nëmmen da wann déi Jonk matspillen. Jonker déi net an d’Rendezvouse kommen, där gëtt et, där gëtt et leider e bësse vill. A mir mussen deene Jonke kloer maachen, datt et ëm hir Zukunft geet, datt mir alles maache fir hinnen ze hëllefen hir Zukunft ze gestalten. Mä fir datt dat eng Réussite gëtt, mussen déi Jonk, an och déi manner Jonk, mä hei schwätze mir jo vun deene Jonken, musse se matspillen, musse sech investéieren, a mussen och prett sinn, datt do eng wierklech Kollaboratioun entsteet zwëschent der Adem oder aneren Organismen, an hinnen.
Max Theis: Lëtzebuerg ass jo an där paradoxer Situatioun, datt de Chômage klëmmt, parallel awer och d’Beschäftegung. Dat heescht, do muss een iergendwéi kucken déi Relatioun eng Kéier ze änneren. Wat wëllt Dir dann do ënnerhuelen?
Nicolas Schmit: Jo, dat ass jo praktesch 9.000 Emploien en plus, a 1.500 Demandeurs d’emploi en plus. Bon, dat weist, datt mir en Décalage hunn, haaptsächlech wat d’Profiler ubelaangt déi op där enger Säit gesicht ginn, an op där anerer Säit déi bei de Leit disponibel sinn. Mir mussen also méi an d’Leit investéieren. An dat ass, géif ech soen, déi Réorientatioun déi mir wëlle virhuelen: méi an d’Leit investéieren, méi an d’Employabilitéit vun de Leit investéieren. Vläicht manner mat Subventioune ronderëm geheien, wéi dat an der Vergaangenheet ze vill de Fall war. Dobäi kënnt, datt mir natierlech och e bësse mussen oppasse wéi mir d’Suen och hei zu Lëtzebuerg ausginn. An dofir ebe geziilt an d’Leit investéiere fir hir Chancen ze verbesseren, datt se dee richtegen Job fannen.
Max Theis: Dat heescht, Dir wëllt besser schaffen awer och spuere parallel?
Nicolas Schmit: Mir wëllen d’Suen anescht ausginn, besser ausginn, a wa méiglech wëlle mir der net onbedéngt méi ausginn. Dat ass ganz kloer.
Max Theis: Wann Dir sot, manner Subventiounen, ass dat och fir de Chômage gemënzt, soll dee manner attraktiv ginn?
Nicolas Schmit: De Chômage soll net – d’Leit sollen am Chômage eng korrekt Indemnitéit hunn. Mir hunn e System dee korrekt ass. Dodru gi mir elo kuerzfristeg och net drun änneren.
Mä op där anerer Säit ass de Chômage nëmmen eng Bréck. An déi Bréck déi muss erëm an den Emploi féieren. Et kann net sinn, datt d’Leit ugesinn, datt de Chômage eigentlech e Recht ass. Neen, de Chômage hëlleft jiddwerengem iwwer eng schwiereg Period ewechzekommen. A während där Period muss natierlech alles ënnerholl ginn, fir datt d’Leit erëm an eng Aarbecht kommen. Dat ass den Objektiv.
Max Theis: D’Adem ass reforméiert ginn déi lescht Méint a Joeren. Et ass eng nei Direktioun en place. Fonctionnéiert déi Verwaltung dann elo no Ärem Goût, oder muss nach weider dru geschafft ginn?
Nicolas Schmit: Wësst Dir, et muss een ëmmer exigent bleiwen. Wann ee seet, et ass elo alles perfekt, dann ass de Risque do, datt d’Leit op eemol noloossen eigentlech innovativ ze ginn.
Mir hunn, mengen ech, e grousse Wee scho gemaach par rapport zu deem Punkt wou mir hierkommen, well d’Situatioun an der Adem war, ech géif gäre soen, praktesch katastrofal. Do ass also e laange Wee scho gemaach ginn, mat alle Kollaborateuren och an der Adem, a besonnesch och mat där neier Direktioun, déi elo jo schonn eng Zäitche schafft. Mä mir sinn nach net um Enn vum Wee. An iwweregens, mir mussen eis ëmmer erëm nei upassen, well den Aarbechtsmaart ass jo net eppes Statesches. Den Aarbechtsmaart ass permanent an enger Evolutioun. An dat heescht, datt d’Adem sech där Situatioun och muss upassen.
Mir hunn elo eng gewësse Revolutioun an der Adem gemaach, wat d’Vermëttlung ass. Ech mengen, dat wäert eis ganz positiv Resultater bréngen. Mä dat heescht natierlech, datt vill Leit sech do mussen ëmstellen, wat no gewëssene Joeren oder Joerzéngte Stëllstand net ëmmer esou einfach ass.
Max Theis: Ass d’Personaldecken dann déck genuch an der Adem?
Nicolas Schmit: Och, mir hunn eng héije Chômage, also brauche mir och genuch Leit. A mir mussen also och do d’Zuel vun de Kollaborateuren an der Adem ëmmer där Situatioun upassen. An ech géif soen, datt mir och d’nächst Joer eng Rei weider Kollaborateure brauchen.
Max Theis: D’Konjunktur ass am Gaangen nees unzezéien, op d’mannst soen d’Chifferen och vum Statec dat viraus. Wéi zouversiichtlech sidd Dir dann, datt et mam Chômage nees biergof geet?
Nicolas Schmit: Bein ech sinn e bësse skeptesch wat d’Konjunktur ubelaangt. D’Konjunktur zu Lëtzebuerg ass éischter positiv, mä wann ech ronderëm kucken, da si mir awer an enger Situatioun déi net onbedéngt esou positiv ass. Mir gesinn also och, datt en Décalage ass engersäits zwëschent der Reprise économique an der Baisse vum Chômage. Dir hutt et virdru gesot, dat wäert also nach eng gewëssen Zäit brauchen, ier de Chômage wierklech méi sensibel zeréckgeet.
Max Theis: Et gi sozial Spannungen an eenzelne Betriber hei am Land, alleng an der Fligerei: Bummelstreik bei der Cargolux, de Risque vun engem Streik bei der Luxair. Ass et Iech ëm de soziale Fridden e bësse baang am Moment?
Nicolas Schmit: Bein, ech si ganz attachéiert un de Sozialdialog. Ech sinn elo am Gaangen e Gesetz d’ailleurs an der Chamber ze diskutéieren doriwwer.
Dir hutt déi zwou Entreprisen ugeschwat. Dat sinn Entreprisen déi duerch e groussen ekonomesche Wandel ginn. Dat heescht, de ganzen Environnement fir d’Fligerei ass an engem Bouleversement. Konkurrenzdrock, Low-cost, all déi Saache kenne mir. An dat heescht natierlech, datt déi Entreprisë sech mussen upassen.
An ech géif wënschen, datt zwëschent den Employeuren an de Gewerkschaften an deenen Entreprisen et weider zu engem Dialog kënnt fir Léisungen ze fannen, well et ass kloer, näischt garantéiert eis d’Survie vun deenen Entreprisen. Mir sinn haut an engem Ëmfeld wat geféierlech ass, wou de Staat selwer net méi ka ganz vill intervenéieren. An dofir, wat wichteg ass, dat ass den Emploi ze preservéieren, an och d’Aktivitéite vun deenen Entreprisen.
Max Theis: Haut ass jo den Jobdag op RTL. Wat gitt Dir dann deene Leit mat op de Wee, déi haut eng Aarbecht sichen?
Nicolas Schmit: Ech ginn deenen op de Wee, emol éischtens Courage, deen hu se ganz oft, ech hunn dat jo schonn de Moien e bëssen héieren. Ech ginn hinnen och op de Wee, datt d’Situatioun zwar schwiereg ass, mä awer och net esou datt keng Chancë besti fir een dee motivéiert ass, sech investéiert. Dir hat och virdrun eng Annonce bei enger Entreprise. Ech mengen, dat wat vun de Leit gefrot gëtt, dat ass datt se motivéiert sinn, datt se bereet si sech an hirem Job ze engagéieren.
Ech ginn natierlech awer och de Patronen eppes mat op de Wee, an zwar Leit eng Chance ze ginn, an ze probéiere gemeinsam – an dofir ass jo och déi Initiativ hei vun RTL ganz positiv – gemeinsam géint de Chômage virzegoen. Ech mengen, dat ass eng Saach, déi eis alleguer eppes ugeet.
Max Theis: A mir hunn héieren, Dir géift Iech och e Bild op der Plaz maache vum Jobdag an der City Concorde?
Nicolas Schmit: Majo, ech wollt kucke goe wéi dat do leeft, a wéi Äre Stand do ausgesäit. Ech mengen, et ass eng ganz gutt Iddi, a mir sollen dat och esou zesumme mat Adem an aneren Träger esou weider maachen.
Max Theis: Da loosse mir Iech elo fueren. Merci, datt Dir de Moien hei waart.
Nicolas Schmit: Merci!